Ruppert Jean-Paul: Velostour op d'Muselquell mat Theatre du peuple zu Bussang
De Veloswee laanscht Musel ass ofwiesslungsreich an gutt ze fueren. Den theatre du peuple zu Bussang ass en eemolegt Erliefness: mat dat Schéinst, wat ech bis elo gesinn hun. Gutt dass ech dat mam William gemat hun. E Geheimtipp!
07. 09. 2023
: Musel mam Vëlo
Gudden Moien Mir, 6 Damen haten e wonnerbaren Vëlostour op der Musel. Den Tour, vun Waasserbëlleg op Cochem, war vun Velosophie fir eis relax a gutt organiséiert ginn. Déi 4 Etappen waren gutt opgedeelt, mir haten vill Zäit fir Pausen a Fotostopps .D‘Hotel an d‘Winzerstübchen waren fir eis tipp top eraus gesicht, mir sinn ëmmer frëndlech empfaange ginn a mir hunn gutt geschlof a giess. A wichteg, och eis Vëloen hunn e gudden Ënnerdaach kritt. An Wieder war top, mir sinn ni naass ginn. Merciii un Monique fir d'Organisatioun, mir freeën eis op den nächsten Tour
Josée, Monique, Marlyse, Marion, Sandra an Yvonne
29. 08. 2023
Gaby Regenwetter: Velos- a Schëffsrees Friesland Holland 05.08. - 12.08. 23
E flott Schëff mat enger super Crew, exzellent Iessen a wonnerbarem Service. D'Organisatioun vun der Rees, vun de Strecken, flexibel genuch fir friesesche Wiederbedingungen können de Bass ze haalen, an esou hu mir nees vill Flottes an Neies erliewt a gesinn. Et war eng formidabel Woch, merci Velosophie, Boat&bike, an alle Matreesenden. Bis geschwënn, Gaby Regenwetter
16. 08. 2023
Marie-Louise Mangers: Vëlos- a Schëffsrees Friesland
Villmols Merci Monique fir déi super flott an tip top organiséiert Rees durch Friesland. Ech war schon e bes'chen opgeréegt well et meng 1. Gruppenrées war, an ech keng Erfahrung mat laangen Touren hat. Awer d'Monique huet eng gudd Aféierung gemacht an ganz Grupp durch all Gare an de richtigen Zuch geléed an eis durch ganz Friesland mat villen zusätzlichen Informatiounen iwwert d'Liewen vun Mensch an Déier geléed. Opréegung wor schnell fort an ech konnt ganz Vakanz genéissen. Mir konnte vill kucken an et wor emmer nach Zäit mat ageplangt fir eng Kaffispause. Fir mech e grousse Merci un Monique an ganz Grupp, mir hu vill gelacht a ganz gudd um Schëff giesst. Et wor meng 1. Tour mat Velosophie awer net meng Lescht. Et bleiwe vill schéin Erönnerungen. Addï a bis geschwënn.
13. 08. 2023
Velosophie - Monique: Friesland - Vëlo- a Schëffsrees
Mir hatten eng wonnerbar Vakanz um Schëff Maria Lena a Nordfriesland. MIr sinn rem eng Woch vun der Equipe rondrem de Skipper Eerle verwinnt ginn. Mat vill Wand si mir 265km duerch Friesland a Nordholland gefuer.
13. 08. 2023